Wëllkomm um Internetsite vun der

LESTLE

 

LESTLE

Ween sinn mir?

Wat machen mir?

D’Lëstlé zielt zu den eelsten Lëtzebuerger Studentencercelen. En gouf virun méi wéi 100 Joer gegrënnt an existéiert ënner senger aktueller Form säit 1955.

 

Den Cercle besteet aus ongeféier 75 aktiven Memberen. Den Comité, zesummegesat aus 15 Memberen, befaasst sech mat der Organisatioun vun diversen kulturellen, festlechen, sportlechen an informativen Aktivitéiten fir seng Studenten.

 

Mir probéieren den Studenten ze erlaaben sech besser an hirem neien Ëmfeld anzeliewen an mir hëllefen hinnen nei Kontakter ze knüpfen. Mir sinn ëmmer mat Spaass an Motivatioun dobäi an leeën vill Wäert op Zesummenhalt, Oppenheet an Hëllefsbereetschaft.

 

Wat d'Lësté dann awer och nach ausmëscht, ass dass mer Studenten aus den verschiddensten Studienrichtungen regruppéieren, vun Medezin bis Ekonomie iwwer Psycho, d'Lësté huet kompetent Memberen aus allen Beräicher. Dëst feiert dann oft zu interessanten Diskussiounen an et leiert een ëmmer eppes Neies bei.

 

Wéis de mierks, sinn mer immens aktiv, wanns de also nei zu Léck bass oder interesséiert bass deng Studien zu Léck unzefänken, zéck net eis unzeschwätzen wanns de eis begéins.

 

Eis Sponsoren

Lëtzebuerger Studenten zu Léck